mercredi 9 septembre 2009

cd virstellung vum donneschden 10.en september 2009


D'Sophie Hunger ass eng singer/songwriterin aus der Shweiz. Deementspriechend sengt et op englësch, deitsch an op engem ganz prononcéirten schweizer dialekt. Dëst cd ass sain 2e album an ass am Joer 2008 rauskomm mee kritt awer lo réischt e méi Opmierksamkeet. Am grousse ganzen huet den Album vill heischpunkter, leider sin awa och puer lidder do, dei d'Intensivitéit vun der Cd bessi rofdrécken. Am beschten sin dei Lidder gelongen wou d'Sophie Hunger alleng mat enger akkustecher sengt..dei bessi mei "hart" stécker hun Tendänz no Krezip ze kléngen an d'Pianosongs fléien e bessi ziellos duerch d'Zeit. Ennert dem Strëch ass den Album awer ganz schéi trotz klenge Schwächen. Mir sin gespannt op sain naechst Wierk

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire