dimanche 8 novembre 2009

playlist vum dënsden 10.November 2009

1. Dawn Landes : Sweetheart of the rodeo
2. Hope Sandoval: Sets the blaze
3. Shannon Wright: Embers in your eyes
4. Julie Doiron: Tailor
5. The Woods: Broke
6. Marissa Nadler: Brittle,Crushed an torn
7. Mumford and Sons: The Cave
8. Zak Laughed: 22 and 66
9. Zak Laughed: Wrong clown
10. Emily Jane white: Hole in the middle
11. Jeffrey Lewis: whistle pas the graveyard
12. Monsters of Folk: Baby boomer
13. Port O'Brien: Alive for nothing
14. Taken By Trees: Tidens gang
15. Gregory an the Hawk: August moon
16. In the pines: Dress on fire

Artistevirstellung vum Dënsdën 10. november

Den Zak Laughed ass e franseische Songwriter aus der Auvergne, dee mat sengem Debutalbum " The last memories of my old house" vill an der franco-parisiennër Presse an Tele geluewt gin ass. Et huet natierlesch immens vill mamm Zak sengem ganz jonken alter ze din ( 16 joer!!!!). Een vun de Grënn sech fir desen Artist z'interesseieren war sain Besuch an d'Rockhal desën 26. Oktober. Leider waren nët vill Leit présent ( eng 25 Stéck). Ob lo de Mangel un Promo, dei inexistent Zuchverbinndung fir bis bei d'Rockhal, den fuerschbaren Decor vum Rockhalicious oder dem Eros Ramazzoti sain concert vum Dag vidrun Grond dofir waren wees ech net, op jiddferfall war de Concert ganz angenehm an seguer immens émouvant wou de Zak ouni jeeglesch akoustësch Verstärkung dat allerleschtent lidd gesongen huet.
Komme mer mer lo zuer Cd: Wa mer lo ganz eierlesch sin, huet dem Herr Laughed seng CD, onofhängesch vun sengem Alter betracht, dei ganz Opmierksamkeet nët verdéngt. Mee sou schlëmm wei dei belge "Rif Raf" et fënnt ("Zak Laughed, la blague de l'annéee" an hirer November Ausgab) ass et och rëmm net. Dem Zak seng Lidder sprangen stylistesch vu Stéck zu Stéck vun Picking-Folknummeren op relativ leiwem (Folk?-)Pop. Et gin verschidden Lidder dei effektiv duerch seng nach immens hell Stëmm oder seng nach nët (zwar bei weitem nët emmër) ganz reif Texter richtëg nerven. Mee bei weitem nët all Lidd!!! An dat ass dat wichtëgt, vill Lidder si seguer ganz gudd an immens schéi, an dat ass dat stark. Bal keng bad taste faux-pas'en (wann ech dat nëmmen vu mir mat 15 behapte keinnt).Well, mat wiem welle mir den Här vergleischen? mamm Conor Oberst ( deen seguer selwer zougett dat seng lidder mat 13 penibel waren http://www.youtube.com/watch?v=p9UIAvoNqog)? mamm Damien Rice? M.Ward? wei hun hir Lidder mat 15 geklongen? keng ahnung?...Opjiddferfall gin et am moment nët vill 15-16 jaerëg Muséker dei ech mer freiwellëg geing unheieren. An deem sënn fannen ech dem Zak Laughed seng Cd ganz ok, mat ganz kloeren starke Momenter an och Schwäschten natierlesch, an hoffen dat den Hype ëm hien sech waert doen waerend sengem Stëmmbroch.