mardi 13 juillet 2010

Cd vum Mont 13.07.2010

Wovenhand: The Threshingfloor

Fir 2 Saachen as den David Eugene Edwards bekannt: 1. Chrëschtlesch Texter, dei nie an den Proselytismus falen, mee eischter versischen d'Mënschlesch Existenz an all seng Schietseiten z'erklaeren. An 2. Immens erdreckend Musék dei seng Haptinfluenz an der Nord-Amerikanescher Folkmusék fënnt. Dëss 2 Aspekter, an dat kann een ouni vill ze riskeieren behaapten, fannen sëch op all 16 Horsepower- an Wovenhand- Album erëmm.

Béid Punkten fënnt een op " The Threshingfloor" rëmm. Mee d'Scheiw bid awer e bessi mei wei de Rescht vun der Discographie. D'Aflëss si mei diverse: eng Ungarësch Flute begleet eis zum Beispill op "Terre Haute". Am grousse ganzen fënnt een niewt den martialen akoustësch Gitarr an Banjo Rhytm'en eng ganz Rei arabesch, keltesch an aner exotesch Tonaliteitem. D'Cd flirt heiansdo mamm Ethno-kitsch, an verschidden Deeler keinnten ouni Mei op engem Mëttëlalterfest lafen. Grad dëss Kombinaisoun mamm soss bekannten Gothik-Country vun Wovenhand kreiert eng interessant Spanung an grad weint sou Sachen occupeiren Wovenhand eng Inselplaz an der heuteger Indiewelt.

Playlist vum densdën, 13.Juli 2010

1. Neil Halstead: Quenn Bee
2. Wovenhand: Sinking Hands
3. Hobotalk: under the spell of love
4. Wovenhand: Denver city
5. Avi Buffalo: one last
6. Wovenhand: Terre Haute
7. Sophie Hunger: Your Personal Religion
8. Bright eyes: Black Comedy
9. Neva Dinova: Poison
10. Karen Elson: Stolen Roses
11. Blitzen Trapper: Evening Star
12. Years: Attik in Black
13. The Avett Brothers: And it Spread
14. The Shortwave set: Distant Daze